Dem Kofi sain Blog
Waat een Hondsliewen
Dei eischt Deeg

Dei eischt Nuecht war spannend! Sarah wollt den Kofi direkt drun gewinnen an senger Kescht ze schloofen an net am Bett 😉 Deen aarmen klengen Muppes huet awer esou ellen gekrasch an gebiirlet an getoobt datt ech noginn hun an en an Zemmer geholl hun! En huet dunn och relatif roueg niewen ddem Bett geschloof.
Propper ass en nach net 😉 Daat heescht +- all 3 Stonnen matt him raus fir datt net grad alles am Haus landt! Flott ne? Lo sin ech geschwenn Expert Kaka opbotzen!
Kofi kennt op Letzebuerg
Den 12. August 2017 hun mir (Sarah an ech) ons op den Wee op Haltern am See gemeet fir den Kofi sichen ze goen. Haltern am See leit hannert Dortmund an et ass mei schein do wei en mengen kinnt, keen Ruhrpott-feeling. Et leit schein bei engem groussen See an ass en beleiwetn Toursitengebidd.
Nodeems mir puer Pabeieren hun missten ennerschreiwen, wei ZB den „Kaufvertrag“ wou dran steet datt mir Kofi reischt dierfen am Alter vun 12 Meint steriliseieren an datt wann mir züchten willten dann just matt engem rengrassegem Pero de Agua, hun mir dunn endlech dierften Kofi an den Auto setzen.
Et war schons en komeschen Moment, deen Babymuppes do vun senger geschwester an senger Mamm ewesch ze huelen. Hatt huet sech awer brav bei Sarah op den Schouss um Beifueresetz gesaat an lass ass et gaangen.



































































































